LNVL Jugendgrupp 
Juniors LNVL Lëtzebuerg Stad
D e F e i e r k ä p p c h e n     N°2

Vull vum Joer 2001

De Vull vum Joër 2001 as den Hauwendaucher. Sot et awer nach net ze haard, well daat as nach e Geheimnis. D'LNVL mecht an deenen 3 nächsten Joër eng Kampagne zum Thema Waaser an am éischten Joer geet et em Weieren. Offiziell get den Vull vum Joer eréischt den 29.Januar 2001 op enger Pressekonferenz am Haus vun der Natur firgestallt. Den 1. Februar as en Diasvirtrag iwwer Fiichtgebidder an dann kréien och d'Leit alleguer den Vull vum Joër firgestallt, well daat ganzt fend am Kader vum Internationalen Dag vun den Fiichtgebidder statt. Virun 31 Joer, den 2. Februar 1971, as zu Ramsar am Iran eng international Konventioun zum Schutz vun den Fiichtgebidder ënnerschriwwen gin an duerfir heescht des Konventioun och Ramsar-Konventioun. Daat eenzegt Ramsar-Schutzgebidd zu Lëtzebuerg sin bis elo d'Baggeweieren zu Remerschen.
 
Wéi dir jo west as all leschten Sonndeg am Mount eng geféiert Visite zu Remerschen. RV as ëmmer um 9 Auer bei Kierfeg zu Wentréng (zwëschen Wentréng a Remerschen). Zeréck sin mir um 11.30 Auer op der selweschter Platz.

Jiddfereen as heimat invitéiert fir op d'Diaskonferenz iwwert d'Fiichtgebidder (1.2.2001) ze kommen an den 28. Januar mat an d'Baggerweieren ze goen (iwregends iwerwanteren do 5 Muerochsen; op laténgesch heeschen déi Botaurus stellaris).

Bestandsopnam Waasservullen

Den Arbechtsgrupp Feldornithologie (Feld AG) vun der LNVL mecht am Joer 2001 eng Bestandsopnam vum den Waaservullen déi op Weieren an Séien bréien. Des Bestandsopnam leeft an den Méint Mee a Juni. Am nächsten Feierkäppchen gidd dir méi gewuer, och wéi mir do kënnen mathëllefen.

Ausstellung am Februar LNVL Stad

D'Sektioun Stad vun der LNVL organiséiert vum 16. bis den 24. Februar 2001 een Stand bei der ornithologescher Austellung vun der Stad Lëtzebuerg (Näschter, Fiederen a Eer) am Haus vun der Natur. An do get är Hëllef gebraucht fir um Stand mat ze hëllefen, z.B. Informatiounen gin, Déplianten ausdeelen an verkaafen). Ween do wellt an kann mathëllefen soll sech beim Franz Muller mellen, hien féiert eng Lëscht an get iech méi Informatiounen.

Nuit de la Chouette

D'Nuit de la Chouette as eng Aktioun vun der LNVL fir den Leit d'Eilen méi no ze bréngen. Den Freideg, 2. März as um 20 Auer en Diasvirtrag am Naturmusée iwwert den Kazekapp (däitsch: Rauhfusskauz). Des Eilenart bréit direkt un der Belscher Grenz an get och heiansdo zu Lëtzebuerg héiren. Am allgemengen kennen mir des Art awer net gudd an dofir kënnt een belschen Spezialist een Virtrag iwwert den Kazekapp haalen, an den 3.März probéiren mir desen seelenen Gaascht lauschteren ze goen. Wann dir den 3. März gären matgitt, dann rufft beim Patric Lorgé un.

Projet Stallschmuewel

Schon virun Joeren hun d'Berénger bei den Baueren am Stall Schmuewelen gefaang a beréngt. Dest Joer get des Aktioun widderholl an zwar am Syrdall. Natierlech mecht den Jugendgrupp bei deser Aktioun mat (Mee, Juni, Juli, August). Weider Détailler kritt dir spéider. Mir zielen awer op är aktiv Matarbecht.

Déi véier Kontakpersounen, déi fir all Froen zur Verfügung stinn:

Soot w.e.gl. bescheet op wann dir wellt un enger Aktivitéit deelhuelen, dann kënnen mir se besser virbereeden. MERCI
 
Programm vun den Aktivitéiten Februar bis Abrëll 2001
Januar 28.1.01 Wantervullen an den Baggerweieren zu Remerschen. Start 9 Auer beim Kierfeg zu Wentreng. Retour 11.30 Auer
Februar 01.2.01 Dias: Fiichtgebidder an Hauwendaucher, RV 20 Auer am Haus vun der Natur 
4.2.01 Fänken a beréngen vun Gräifvullen. Start um 9 Auer beim Haus vun der Natur. Zeréck sin mir do um 11.30 Auer 
13.2.01 Karteliesen an Beobachterkarten ausfëllen. 14 bis 16.30 Auer am Haus vun der Natur 
16-24.2.01 Ausstellung am Haus vun der Natur, LNVL Stad 
März 1.3.01 Vun 2 bis 4 Auer am Haus vun der Natur: Auswertung vun den Krukerten-Meldungen
2.3.01 Diasvirtrag Nuit de la Chouette, Naturmusée 
3.3.01 Nuets-exkursioun Nuit de la Chouette
23.3.01 Generalversammlung Feld AG 19.30 Auer am Haus vun der Natur
Abrëll 17.4.01 Ausflug an d'Baggerweieren. Start 8.30 Auer beim Kierfeg zu Wentreng. Retour 11.30 Auer 

Fotosconcours: E Bléck fir d'Natur

D'Lëtzebuerger Naturfoto-Frënn LNF organiséieren déi zweet Ausgab vun hirem Fotosconcours fir Jugendlecher bis 17 Joër. Dir kënnt Biller fir folgend Kategorien ofgin: Déieren, Planzen a Landschaften. Déi beschte Fotoe gin mat Buch- a Saachpräisser belount an am Naturmusée zu Lëtzebuerg am September 2001 ausgestallt. Méi genee Detailler kritt dir nom 15. März 2001 ënnert www.lnf.lu oder am Regulus.
Waat as den Feierkäppchen ?
Den Feierkäppchen as een Vull: op Däitsch heescht en Sommergoldhähnchen am op latäin Regulus ignicapillus. Hien huet säin Numm well en seng Kappfiederen kann auseneenspreitzen an dann liicht säin Kapp feier-roud. Et as een vun den klengsten Vullen an Europa an dowéinst och den Wopenvull vun der Lëtzebuerger Natur- a Vulleschutzliga. Lo wesst dir och firwaat den Regulus – Regulus heescht.
Quelle: Naumann
Hut dir är Hausaufgaben gemaach ?
Dir könnt eis är Beobachtungen vun den Krukerten eraschécken, oder am beschten mir treffen eis een Nomëtteg am Haus vun der Natur, fir eng Auswertung vun den Beobachtungen ze maachen, z.B. den 1. März 2001 vun 2 bis 4 Auer. Et wär flott a wichteg wann mir bei dëser Aktivitéit zu vill wären.

OCH WICHTEG: Den 13.Februar léieren mir mat Land- an Topos-Karten ëmgoen a Beobachtungskarten ausfëllen.

Iwregends haten mir bei eisem Ausflug den November kee Gléck: mir hun nëmmen 4 Krukerten bei Billy-les-Mangiennes gesin. Mee, nëmmen 10 Deeg drop woren et der do iwwer 4 000. Dest Joer fueren mir dann op den Lac du Der, well do waren Enn November méi ewéi 70 000 Krukerten (neie Rekord).



LNVL  Haus vun der Natur Kräizhaff, route de Luxembourg, L-1899 Kockelscheuer
Tel. 29 04 04 - Fax. 29 05 04 - Email: secretary@luxnatur.lu - Web: http://www.luxnatur.lu