LNVL  -  Lëtzebuerger Natur- a Vulleschutzliga asbl

Veröffentlicht in Regulus (ISSN 1727-2122) 2000/1 S. 3

Landschaft schmaacht

Häerzlech wëllkomm zu engem Seminar, dee schon exceptionnel ass an dëser Zesummesetzung, wou Produzenten, Händler a Konsumenten sech un een Dësch setzen, fir eng Léisung ze fannen op en Challenge, deen eis all d'Liewe schwéier mëcht: de weltwäiten Handel mat all senge Schwiregkeeten, ugefaange

Landschaft schmaacht -

Wat huet Landschaft mat eisem Alldagsmenü ze dinn, mat eisen Iessgewunnechten, mat eisem Akafsverhalen? Enorm vill!
Et soll den Zweck vun dësem Seminar sinn:

    1) Den Zesummenhang tëschent Landschaft a Konsum ze beliichten,
    2) Léisungen ze diskutéieren an Äntwerten ze fannen op déi sougenannte Globaliséirung an dem Marché, deen eist Iessen diktéiert an eis Akafsgewunnechte manipuléiert.
Et ass kloer, dass mer all zesummen nei Weeër siche mussen, wa mer…
    1) déi Leit am Aarbechtprozess wëlle behalen, déi hei zu Lëtzebuerg eng Kulturlandschaft beschaffen, déi zum groussen Deel nach räich a villsäiteg ass, och wa mer an de leschte Joerzéngten e groussen Aarteschwund hu musse feststellen
    2) eng Äntwert wëlle fannen op en Trend, wou de Räichtum an d'Soen ëmmer méi a manner Hänn geroden, a wou dem Produzent en ëmmer méi klengt Stéck bleift vum Kuch, dee mat senger Aarbecht verdingt gëtt,
    3) eis bewosst sinn, dass och hei virun eiser Dir mer monter un enger Klimakatastroph schaffen, déi di räich Länner verscholden an déi äermste Länner op der Welt mussen ausschäffen (= Export vun den Ëmweltproblemer) duerch:
    4) d'Risike wëlle minimal halen, vun net aartgerecht produzéierten oder hormonell gesteierte Fleeschprodukten, vu genmanipuléierte Liewensmëttelen. An do sief d'Fro erlaabt, wéisou sech grouss Konzerner d'Recht einfach esou huelen, fir en Allgemenggutt (Planz/Déier) ze modifizéiren, ze manipuléieren, ze patentéieren an dann als hier eege Produkter exklusiv ze vermaarten an domat Geld ze verdingen; dat ass eleng vun der ethescher an demokratescher Virgoensweis Bedruch am grousse Stil
    5) wa mer wëssen, dass 70% vun de Krankheeten an den nordesche Länner ernährungsbedingt sinn, an dass mer nëmmen duerch gesond Liewensmëttelen, besonnesch fir eis Kanner, aus deem Dilemma erauskomme kënnen.
Mir hunn als LNVL duerfir proposéiert, dem Seminar den Ënnertitel
FAIR - REGIONAL - BIOLOGESCH ze ginn

1) fair mam Produzent

a) hei am Land: Mir kennen all d'Lag vun der Landwirtschaft.
1950 gonge 50% vum Präis vun engem Produkt un de Bauer, haut sinn et nach knapp 20%, déi aner 80% ginn un d'Veraarbechtung, un den Handel, un d'Gastronomie, un de Catering etc.
Fir eng fair Leeschtung mussen och fair Präisser bezuelt ginn!
Weider Oplagen a Gesetzer rette keen!
Et kann net sinn, dass 2000 Baueren eng Landschaft sollen erhalen, déi di aner 400 000 Leit gären hätten.
Da muss jidderee säi Bäitrag duerfir liwweren, an dat soll an dëser Campagne de Konsument kloergemaach kréien.
b) fair mat den 3.-Welt Länner
Wa schon en Import vu Liewensmëttel, dann och Produkter aus fairem Handel, wéi se vun Transfair proposéiert ginn a wou och de Produzent säi gerechten Undeel vum Endpräis kritt an ënner mënschewierdege Konditioune ka schaffen
E Beispill: Eng Analys a Südamerika huet en Asaz vu Pestiziden an de Bananeplantagen an der 20facher Héicht wéi et an Europa erlaabt ass bewisen. Dass domat Aarbechter an engem Stéck ënner Hautkrankheeten, Aenentzündungen a Fraen ënnert Sterilitéit leiden, dierft net verwonneren, dass doriwer eraus d'Ofwässer esou verschampeléiert sinn, dass e regelrecht Stierwe vu Korallen a Fëschbestänn, an dovu liewen d'Leit z.B. a Costa Rica, stattfënnt.
Mir sollten eis net mat schëlleg maachen un esou Konditiounen.

2) regional als Réponse op d'Globaliséirung

Nëmmen duerch regionalen Handel, regional Strukturen, regional Mäert asw. ka verhënnert ginn, dass Produiten de Wee duerch ganz Europa maachen ier se bei äis um Dësch landen,
… dass Schwäin an Holland gezillt, an Italie geschluecht, am Schwarzwald gereechert an zu Lëtzebuerg verkaf ginn,
… dass Gromperen aus eisem Land mussen an Däitschland geschielt ginn an nees op Lëtzbuerg an eis Restauranten zréckkommen,
… dass fäerdeg Menüen an enger Verpackungsfirma zesummegestallt gi mat Elementer, déi aus 12 verschiddene Länner kommen.
 
E Beispill dat eis d'Tragik vun de Verflechtunge weist:
Hei an Europa gëtt enorm vill Filetsbeefsteak aus Argentinien importéiert.
Op där aner Säit ginn all Joer 50 000 t Rëndfleesch an Namibia exportéiert, déi vum Steierzueler bezuelt ginn, well d'Präisser duerch Exportbäihëllefe fir Namibia gestäipt ginn.
Wann een elo och nach weess, dass Europa z.B. an engem Entwécklungsprojekt, dat sinn och eis Steiergelder, d'Rëndfleeschvermaartung intern an Namibia fördert, da muss een déi logesch Konsequenz virausgesinn:
Namibia huet musse Verloschter vu 40% vum Marché a Kaf huelen, a jidderee vun äis huet gehollef, deen Desaster ze bezuelen.
Regional heescht also och, deenen Händel eng Barrière setzen, wou kee Mënsch méi weess, wouhi wat fir Gelder ginn.

3) biologesch
Niewent de regionale Produkter mussen awer och där biologescher als weeweisende Modell vun enger Landwirtschaft vun der Zukunft figuréieren.
De Biolandbau ass de Moment dee Modell, deen der Kreeslafwirtschaft am nooste steet, also dem Prinzip vun der Nohaltegkeet voll entsprécht, an déi gouf ganz kloer op der Ëmweltkonferenz vu Rio verlaangt an duerno am Maastrichter Vertrag fir Europa als Flicht ënnerschriwwen.
 
An dass de Modell vun der Nohaltegkeet Recht wäert hunn, seet eng Studie vu Mercedes viraus, e Konzern dee bestëmmt net ökologesch Kriterien un éischter Plaz nennt. Si beleet, dass am Joer 2020 d'Nofro an d'Offer vu klasseschen Energieliwweranten, déi de Moment op derselwechter Linn leien, esou wäit auserneeleien, dass duerch d'Präisser vun der Energie eng traditionell Landwirtschaft guer net méi ze bezuelen wäert sinn, wann net aner Weeër gesicht ginn.
D'Ambitioune vun de Biobauere sinn och bestëmmt net, fir d'Majoritéit vum Marché hei zu Lëtzebuerg an den nächste Joren ze kréien. Si hoffe just, an den nächste 5 Joer 5% vun der Landfläch  biologesch ze bewirtschaften.

Biologesch a regional passen zesummen. Et geet och net duer, wann e Produkt biologesch ass an awer aus Australie kënnt.

D'Ökobilanz ass e wichtege Critère an der Wiel.
Et notzt eise Landschaften hei zu Lëtzebuerg näischt, wann e Bioprodukt aus Éisträich importéiert gëtt.
Biologesch a regional bedeiten awer och e Schrak op d'Selwerbestëmmung vum Bauer senger Aarbecht zou, ewech vun der Ofhängegkeet vun de grousse Chemiekonzerner an ewech vun de Megadistributeuren an Megaalimentatiounsbetriber.
 
Eng Rei vun Initiativen huet scho bewisen, dass nei Produkter méiglech sinn, dass d'Selwervermaartung Zukunft huet. Vill Produzenten huele gär e puer Iwwerstonne mat a Kaf, fir mat engem gewëssen Houfert en eegent Produkt virweisen ze kënnen an domat och e Schrack an d'Onofhängekeet vun der Globaliséirung ze maachen.
Mir sollten eis haaptsächlech bewosst ginn, wou d'Usazpunkte vun enger neier Denkweis sinn: an déi sinn am Handel, an der Veraarbechtung , an der Vermaartung ze sichen.

D'Akafsverhale vun der Bevëlkerung kann d'Produktpalett vum Supermarché enorm beaflossen.

D'Äntwert op déi riseg Problemer läit am Fong ganz no: si läit bei jidderengem vun äis.

D'Äntwert ass einfach, wa jidderee matmécht. Mir entscheeden, jidderee fir sech, ob mer Produkter wëlle kafen,
- déi vun iwwer 1000 km hierkommen
- déi zegfach manipuléiert gi sinn
- déi di schéinste Landschaften zu Lëtzebuerg a weltwäit ausraumen
- déi eis Baueren an de Ruin dreiwen.

De Präis schéngt munnech engem e wéineg héich, mee en ass derwäert dass mer e bezuelen.

Pit Mischo



L N V L Haus vun der Natur Kräizhaff, route de Luxembourg, L-1899 Kockelscheuer
Tel. 29 04 04 - Fax. 29 05 04 - Email: secretary@luxnatur.lu - Web: http://www.luxnatur.lu