Courrier de l'Education Nationale - No A06/2000 - avril 2000

Publication:
De Poufank vun der Kéiermillen

Eng Geschicht déi d’Natur geschriwwen huet 14 heefeg Vullestëmmen aus Lëtzebuerg mat geschwatem Kommentar a Musek 14 Vullegesäng flr ze genéissen mat Erklärungen am Heft

Fir den Enseignant aus der Primärschoul kann dës CD e flotten Zousaz zum normale Programrn an de Fächer “Eveil aux sciences - Sciences naturelles" a “Lëtzebuergesch" sinn.

Am "Lëtzebuergesche".kann dësen Text, sief et als Liestext gelies ginn, sief et op der CD gelauschtert ginn. En ass net ze laang an eegent sech dofir gutt, fir an enger Eenheet behandelt ze ginn. Als Aleedung an d'Eenheet kann den Enseignant e puer Vullestëmme mat de Kanner lauschteren. Dësen Text ass ganz gutt mat Kanner aus dem 3. bis an d'6. Schouljoer ze man, a sprécht si ganz besonnesch un, well de Poufank personifizéiert ass a si sech esou gutt kënne mat him identifizéieren.

Am "Eveil aux sciences - Sciences naturelles" ass d'CD vum 1. bis an d'6. Schouljoer gutt gëeegent. D'Geschicht ass wëssenschaftlech exakt a verzicht op all Vermënschlechung. Mat deene klenge Kanner kann een d'Vullestërnme lauschteren a se mat de Biller vergläichen. Zemools am 1. Schouljoer, wann de Buschstaf “F” behandelt gëtt an d'Kanner Fiedere sammelen ass dës Übung ganz interessant.

Et kann een sech elo froen, firwat datt ee soll d'Vullestëmmen op CD lauschteren, wou een se dobaussen "Life" héiere kann. Natiirlech soll een net op d'Natur dobausse verzichten, mee d'CD hëlleft dono iewer all déi onsortéiert Andréck ze uerdnen an ze klasséieren, wat ganz wichteg fir d’Kanner ass.
Och de Begrëff Liewensraum kann een hei ganz gutt mat de Kanner erschaffen, wëll ee jo net jidder Vull op jidder Plaz héiert. Esou léieren si déi Vulle kennen, déi si all Dag em d'Haus an em d'Schoul héieren, déi déi am Gaart oder an der Heck sangen, an déi déi méi sielen am Besch oder um Flouer ze héiere sinn.

D'Geschicht weist de Kanner wéi prekärgeféierlech d'Liewe vun engem Vull an der Natur ass, ouni datt de Mënsch agräift. Wann elo och nach aner Geforen derbäikommen - Emweltproblemer - da gët et fir de Villchen nach méi schwéier. Esou kënnen d’Kanner eventuell zu engem méi virsiichtegen Ëmgank mat der Natur bruecht ginn, a villäicht emol selwer Verantwortung fir en Déiereliewen iwwerhuelen - z.B. fidderen am Wanter…

Zu gudder Lescht kann een d'Kanner och opfuerderen, emol selwer ze probéieren, Vullestëmme mat hirem Kassetterekorder opzehuelen. Esou léieren si d'Villfalt vun der Natur op eng spilleresch an interessant Mannéier kennen. An der Schoul kënne si dann hir Enregistrementer virspillen, a villäicht kenne si dann déi eng oder aner Stëmm erem. Vill Spaass beim Lauschteren!

Weider Informatiounen um Tel. 90 92 11 oder 92 03 95

Bestellung zum Präiss vun 490 F bei der
Lëtzebuerger Natur- a Vulleschutzliga
L-1899 Kockelscheuer tél. 29 04 04 1 / fax. 29 05 04
e-mail. secretary@luxnatur.lu