Lëtzebuerger Natur a Vulleschutzliga asbl


Ried gehalen um LNVL Kongress den 16.3.2002

Dir Dammen an dir Häre, léif Naturfrënn

Eppes wat d'Leit dobausse sëcher beonrouhegt, a wat eis als LNVL scho méi laang beschäftegt ass de Prozess vum Embau hei zu Lëtzebuerg.
Net vir näischt hu mer eise Kongress duerfir ënner de Motto gesat:
„Stopp de Bagger!“
„Stopp dem irrationelle Verbrauch vu Landschaften!“
„Stopp dem Primat vun Eegeninteresse vis-à-vis vun den Allgemeininteressen!“

Wa mer de Landverbrauch an domat d'Verschwanne vun der Biodiversitéit genee ënnert d'Lupp huelen, da stousse mer ëmmer nees op d'Fro:
„Firwat? Ween huet Interessen un deem Prozess? Wat ass d'Finalitéit vun deem Embroch op 20, 50 oder 100 Joer eraus? Wou wëlle mer hikommen?“
Oder ass d'Entwécklung eis elo schon aus de Fangere gerutscht?
Huet kee méi d'Kontroll iwert dat wat dobausse geschitt?
Hunn nach just d'Promoteuren d'Bestëmmungsrecht iwer eist Land oder däerf de Bierger och nach e Wuert matschwetzen?
Gëtt eist Land nach just um Zeechebriet definéiert oder däerf een als villäicht leschte Romantiker an dëser Welt, als Naturfrënn oder als Pädagog och nach eemol de Fanger hiewen an an d'Zukunft kucken?
Eng Äentwert fanne mer net bei de Politiker fir de Moment.
An et ass kloer, dass keng Léisung do ass, well kee Koordinator do ass fir deen Thema.
Kee Minister, keng Verwaltung, kee Staatsrot, a scho guer kee private Konzern oder keng privat Entreprise a keng Bank fillt sech responsabel fir de Problem vum Landfrass a Fro ze stellen an ze duerchdenken.
Alles leeft wéi et leeft! (Stëchwuert: Gréngzonen ronderem d'Stat Lëtzebuerg)
Mir huelen et wéi et kënnt a maachen domatt eis Liewensqualitéit futti a mir riichten den natierleche Räichtum vun eisem Land zu Gronn.

D'Weiche fir d'Zukunft stinn bis elo op alle Fall nach net en Faveur vun der Emwelt.
Dat beweist e Bléck op de 5-Joeresplang vun eise Fongen:
 
Investissements de l 'Etat 2001-2005
Fonds spéciaux
(en millions d'euros)
  2001 2002 2003 2004  2005
Monuments historiques 15 14 10 9
Infrastructures socio-familiales 81 93 94 82 66
Protection de l'environnement 40 28 21 21 21
Agriculture  30 18 18 19 19
Investissements publics 150 266 343 351 302 
Fonds des routes  143 168 135 123 110
Fonds du rail  62 95 130 175 190
Autres  x x x x x
Total :  735 914 979 964 926

Mir gesinn dass d'Fongen em bal 20% zouhuelen, déi vun der Emwelt awer em 50% ofhuelen.
Mir begréissen dass bal 200% méi an d'Eisebunn soll investéiert ginn, mee mir froen eis firwat grad d'Investissementer an d'sozial Infrastrukturen ofhuelen, déi am Akerbau ofhuelen an d'Kultur ofhuelen, awer déi ondéfinéiert „Öffentlech Bauten“ sech verduebelen.
Wann dat keng Zeeche sinn fir alles op de Wirtschaftswuestum ze setzen, während Emwelt, Kultur a Soziales muss zréckstiechen?
Liewensqualitéit ass nach ëmmer keen Thema zu Lëtzebuerg.

Wa mer esou wi elo weider plangen oder besser verplangen, dann hu mer a 50Joer hei am Land e puer Rondelen op der Kaart. Déi eng sinn eis bebauten Zonen, déi duerch d'ganzt Land zesummegewues sinn, déi aner Rondele sinn eis Naturschutzgebidder, wou wuel d'Natur nach Natur däerf sinn, déi awer getrennt ass vum Rescht vum Land, wou keng Spléck méi fräi ass fir den Austausch vun der Biodiversitéit an der Natur, wou d'Gréngs net méi däerf an eis Uertschaften erawuessen, dann hunn nach just e puer Vullen eng Chance ze wanderen, well déi méi mobil sinn wéi aner Déieren, mee mir hunn dann all Wanderkorridoren futti gemaach, déi engem Hirsch, engem Hues, engem Fräsch oder och villäicht nëmmen engem Schleek d'Méiglechkeet gëtt, mat anere Populatiounen a Kontakt ze trieden.
A wéi grave dee Problem vun der Koordinatioun europawäit ass, hu mer an engem vun de leschte Regulus' bewisen: Et handelt sech em dee berühmten TINA Projet, deen den Transport duerch ganz Europa soll förderen, an zwar mat europäische Steiergelder.
Birdlife International huet awer eng wëssenschaftlech Etude gemaach an bewisen, dass 25% vun de Vulleschutzgebidder (Natura 2000-Zonen), déi mat deene selwechten europäesche Gelder gefördert ginn, nees mat europäesche Gelder futti gemaach ginn. Hei bleiwt engem de Verstand stoen.
Eent ass awer op d'mannst skurril: TINA nennt déi Autobunnen, déi gebaut gi mam Numm:
“Helsinki-Corridors”
dat heescht: déi Korridoren, déi mir verlaange fir d'Fauna a Flora, huet d'Politik scho laang um Pabeier fir d'Autoen an d'Camionen.
Déi selwecht Korridore déi fir den Transport vu Wueren vun engem Eck vun Europa an deen aneren suergen, suergen och derfir, dass d'Korridore fir den Austausch an der Natur, déi joerdausenden al sinn, zerstéiert ginn. Birdlife huet en emfaassend Dokument geschriwen mam Numm „Road to destruction“, wou kloer gesot gëtt, dass déi 2 Netzwierker „Stroosbau“ an „Naturschutz“ musse matenee schwetzen aplaz sech géigesäiteg am Wee ze stoen. Dat kënnt eis och emol hei zu Lëtzbuerg als Virbild dengen, fir eis Biodiversitéit mam Strossbau an de Verglach ze bréngen.

Fir op d'mannst hei am Land e Stéck an deem Sënn virunzekommen, verlaangt d'LNVL säit enger Zäit niewend enger sériöser Landesplanung ganz konkret e Buedemschutzgesetz, an deem net nëmmen d'Altlasten oder d'Buedenverschmotzung an d'Erosiounsproblemer behandelt ginn mee an dem mer och e Monitoring verlaangen, e préventivt Virgoen a virun allem e Konzept fir d'Buedemnotzung a wou dat Wuert Versiegelung och emol mat Inhalt gefëllt gëtt.
D'Viraussetzung wär emol e sériöse Bodenzustandskadaster.
All eis Noperen kënnen op esou e Gesetz zréckgräifen. Mir hun dat just an der leschter Regierungserklärung stoen.
An deem Konzept ass et am Sënn vun der Landesplanung enorm wichteg, dass e Mindestundeel u fräie Fläche fir Natur, Akerbau a Fräizäit gesetzlech garantéiert gëtt.
 

Ech muss zouginn, dass trotz allem e puer Leit sech Gedanke gemaach hunn iwer den Naturschutz zu Lëtzebuerg. Déi gouwe jo an engem Audit festgehalen, wat mer als LNVL begréisst hunn. Mir sinn elo am 4. Joer nom Audit a Konsequenzen sinn nach net direkt bemierkbar. Mir wëssen nach ëmmer net wat eis Land am Naturschutz wëllt a mir wëssen och nom Audit iwer d'Forstverwaltung nach ëmmer net wéi mer virgoe wëllen.
Et sinn natierlech nei Momenter agetratt:
Mir maachen net méi eleng hei zu Lëtzebuerg Naturschutz, mee Europa huet seng Akzenter gesat, an dat ass gudd esou. Mir mussen awer wësse wat dat fir Lëtzebuerg bedeit.
Mir mussen emdenken, nei Modeller iwerhuelen an se op eis Verhältnisser upassen. An do happert et ganz gewalteg.
Mir brauche Leit am Naturschutz, déi ganzheetlech denken.
Mir brauchen nei Ideen an där Verwaltung, déi fir den Naturschutz zoustänneg ass.
Mir begréissen dass déi nei Verwaltung eng Naturschutzverwaltung gëtt. Mir sinn awer och der Meenung dass dann Ökologen mussen d'Firgoen an där Verwaltung bestëmmen, eng nei Personalpolitik muss hei eran, wou net nëmme Forstleit d'Richtung bestëmmen. A wann d'bestehend Reglementer dat net zouloossen, wéi dat alt emol behaapt gëtt, da mussen eben d'Reglementer geännert ginn.
Wann ech soen dass net gewosst ass, wat mer wëllen, wéi mer et wëllen, da wësse mer och net ween hei eppes wëllt.
Wat am Problem „Landesplanung“ gëllt, gëllt och am Naturschutz.
Hei gëtt och de Moment Ping Pong gespillt:
Hei geet de Ball tëschend 3 Ministären hin an hir: Den Environnment, d'Landwirtschaft an den Innenministär
D'Geld gëtt vun deem enge Ministär verdeelt, d'Décisioune si bei engem aneren, d'Kontroll bei kengem, d'Waasser gehéiert anscheinend net méi an d'Natur, de Bësch ass an 2 gedeelt a wa fäerdeg diskutéiert ass, da bleiwt den Emweltministär nach just den Naturschutz an den Uertschaften d.h. d'Kontroll iwer d'Eilen an d'Fliedermais an de Kiirchtiirm, an dann hu mer am rengste Sënn vum Wuert eng Kiirchturmpolitik am Naturschutz.
D'LNVL verlaangt mat aller Däitlechkeet, dass de Waasserberäich, deen haaptsächlech de Moment an der Diskussioun ass, am Emweltministär bleiwt, och wann den Här Wolter eis d'Garantie gëtt, dass all Baach am Land mat senger Hëllef renaturéiert ka ginn, da muss dat selwecht och am Emweltministär méiglech sinn.
De Moment gesäit et op alle Fall esou aus, dass keng Ideen, keng Leit, keng Spezialisten am Innenministär parat stinn, fir des Erausfuerung unzehuelen. Wa just Techniker vun der ASTA den Naturschutz un de Gewässer maachen, da si mer an 50 Joer nach do wou mer haut sinn.
Bis haut hat de Service Technique de l'Agriculture genug Geléigenheete gehat vir ze beweisen, dass si Waasserschutz, Iwerschwemmungsschutz, oder Renaturéirunge fäerdeg génge bréngen, et ass awer just bei techneschen Deelléisungen bliwen. Vun Naturschutz an effikacen Moossnahmen géint d'Iwerschwemmung hu mer vun där Säit nach net vill am Waasserberäich gesinn.
Mir soe ganz däitlech an eisem Fuerderungskatalog, dass mer eis mat Hänn a mat Féiss wiere, géint eng Verstümmelung vum Emweltministär.
Dat hu mer an der Vergaangenheet schon deelweis fäerdegbruecht a mir wäerden och an Zukunft d'Interessen vum Emweltministär, wat seng Eegestännegkeet ubelaangt, stäipen.
Et muss dach ee Ministär an Zukunft do sinn dee sech wierklech mam Naturschutz identifizéiert an en och konkret emsetzt.
A mir maachen och an dësem Fall e waarmen Appell un de Staatsminister, dass d'Kompetenzen kloer sollten definéiert ginn an dat ass nun eemol seng Missioun.

Ech wëll awer elo och emol op e puer Erfolleger opmierksam maachen, déi mer dëst Joer am Naturschutz haten:

An ech wëll vun hei aus all deene Sektioune an all deene eenzelne Leit vun der LNVL merci soen, déi un all dëse Pläng bis elo matgeschafft hunn. Och wëll ech dem Emweltminister merci soen fir déi Ennerstëtzung an den eenzelne Kampagnen, well ouni déi néideg Finanzen leeft déi Lobbyaarbecht fir den Naturschutz op kee Fall.

Juegd
Eng Saach wou mer laang dru geschafft hunn, a déi sëcher net als Äntwert op déi sëllechen Diskussiounen a leschter Zäit ze gesinn ass, ass eis Positioun zur Juegdproblematik.
Dee Pabeier ka jidderee sech vun hei mathuelen an un déi interesséiert Leit weiderginn.
Et ass en zimlech détailléierte Pabeier an duerfir wëll ech just hei déi Haaptakzenter opzielen:
De Moment gëtt d'Diskussioun ganz emotional gefouert an duerfir war et gudd, dass eis Meenungsbildung scho virun engem Joer ugefaang huet. Doduerch krute mer Distanz zum Problem a mir hunn eis net virun de Won vun e puer Eenzelleit oder Parteie spane gelooss.
D'Haaptaussoen:
D'LNVL wëllt d'Juegd net ofschafen, si verlaangt just eng nei Orientéirung no ökologesche Kriterien:

Mir wëllen des Positioun an den nexte Wochen an enger Pressekonferenz méi genee duerstellen.
D'Juegd ass virun allem an d'Kräizfeier vun der Landwirtschaft gerode wéint der Schwéngspescht a wéint de Schied, déi d'Wëllschwäin an der Agrarlandschaft maachen.
En Deel Verantwortung mussen d'Jéer akzeptéieren.
Dobäi mussen déi Responsabel vun der Landwirtschaft sech awer och soe loossen, dass onofhängeg vun där momentan dramatescher Situatioun, si bis haut nach kee Modell fond hunn, fir der Landwirtschaft eng nei Nues ze ginn. Et gëtt punktuell un e puer Klengegkeeten eremgedoktert awer en neit Leitbild fir d'Landwirtschaftass nach net fond ginn.
De Biolandbau, de vun der LNVL staark ënnerstëtzt gëtt, ass an den Aen vun den Décideuren am Ministär an bei de Gewerkschaften ëmmer nach eng Niewenerscheinung.
Wann dann awer nei Wéer solle beschratt ginn fir z.B. mat dem Naturschutz zesummenzeschaffen, da falen déi führend Leit nees zréck an déi al Denkschemen, déi scho Joerzéngten al sinn, an déi keng grondsätzlech nei Idee bréngen. Den Naturschutz kann dem Bauer nei Quellen opmaachen fir e gesëcherten Nieweverdengscht, deen net als Almosen ze gesinn ass, mee eng Bezuelung fir eng wichteg Aarbecht am Sënn vun eise Landschaften a vun der Biodiversitéit.
Dat muss och hei op der Musel am Wäibau gëllen. Déi puer Wéngerten, déi op eng flott Art a Weis mat Terrassen ugeluecht gouwen, beweisen dass een e qualitativ exzellente Wäin ka maachen ouni op eng maschinell Beaarbechtung ze verzichten a wou de Lëtzbuerger esou gudd wéi den Tourist de Begrëff „Landschaft schmaacht“ ouni Erklärung versteet.
Et däerf awer net einfach bei dene puer Modellbeispiller bleiwen.
Déi Wéer kaschten e Koup Suen, awer si sinn derwäert dass se begaange ginn.

D'LNVL begréisst och d'Propose vum Ministère a punkto Klimaschutz. Mir denke jo dass Lëtzebuerg bei den Aussoe bleiwt fir d'Zäregasen ze reduzéieren, mir weisen awer och ganz kloer drop hin, dass d'Erreechen vun den Zieler nach vill Efforte verlaangt. Klimaschutz ass och Arteschutz, well mir wësse watfir Liewensraim weltwäit verschwanne, wa mir an der sougenannter ziviliséierter Welt de Schlendrian markéieren an ouni Iwerléeung di wäertvoll Ressource verpolveren. Duerfir setze mir eis och an fir den internationalen Emweltschutz.
Mir sëtzen hei zu Lëtzeburg net op enger Insel, och wa mir eis hei e klengt Schlaraffeland opgebaut hunn. Mee mir missten eis schummen, wan dat Schlaraffeland op Käschte vun anere Weltbierger géif opgebaut ginn.
Birdlife International huet deen Challenge erkannt an huet zesumme mat alle Partner, och mat Lëtzebuerg, weltwäit milliounen Donnéen gesammelt, an op Grond vun deser Banque de Données Naturschutzkonzepter opgebaut.
Mir wäerden derno e Referat vun engem Mataarbechter vun der LNVL héieren, deen iech e kuerzen Abléck gëtt iwer d'Wëssenschaftlechkeet vun der Ornithologie hei zu Lëtzebuerg.
Op Grond vun deenen Beleger kloe mer och bei eis déi néideg Konsequenzen am Naturschutz an.
Mir verlaangen näischt, wat aus der Loft gegraff ass, mir wëllen do réagéiere, wou d'Noutwendegkeet bewisen ass a mir wëllen handelen ir et ze spéit ass.
D'Zäite wou d'Naturschützer just Pompjee gespillt hunn sinn eriwer.

Mir wëlle matschwetzen bei der Planung vu Lëtzebuerg.
Mir wëlle matschwetzen wann et em nei Konzepter am Naturschutz geet,
a mir wëlle matschwetzen wann et em iergend e Randberäich geet, deen den Natur- an Emweltschutz tangéiert: dat ass d'Landwirtschaft, dat ass de Waasserberäich, dat ass de Verkéier, dat ass de Klimaschutz, dat ass d'Gentechnik, dat ass dat ganzt Lëtzebuerg vu muer.
Mir ginn eréischt an déi Diskussioun eran, awer si muss endlech ugepakt ginn. Et ass net un eise Kanner fir d'Fehler, déi an eiser Generatioun gemaach gouwen, nees riicht ze béien.
Si sollen d'Natur net nach just am Musée erliewen!
An duerfir mussen mir elo d'Problemer léise wou si sinn.

Et gëtt nëmmen ee Wee: sech zesumme setzen an gemeinsam d'Analyse maachen.

Mir als Naturschutzorganisatioun bidden eis Mataarbecht an eisen Know how dem Emweltminister un, mir bidden eis Mataarbecht der ganzer Regierung un a bidden eis Mataarbecht iwer eis Sektiounen de Gemengen a Syndikaten un.
Mir erwarden awer och, dass mer en oppend Ouer fannen bei deenen, di d'Decisioune hei am Land mussen huelen.
Ech soen iech merci fir d'Nolauschteren!

Pit Mischo



L N V L Haus vun der Natur Kräizhaff, route de Luxembourg, L-1899 Kockelscheuer
Tel. 29 04 04 - Fax. 29 05 04 - Email: secretary@luxnatur.lu - Web: http://www.luxnatur.lu